Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CFL informéieren: Den 8. Mee soll d'Zuchstreck Ettelbréck-Kautebaach nees opgoen

Wéi d'CFL matdeelen, wieren d'Securisatiounsaarbechten zu Bierden dem Plang no fir Ufank Mee fäerdeg, esou dass den 8. Mee d'Zuchstreck nees kéint opgoen.

Tëscht Ettelbréck a Kautebaach sinn déi lescht Woche keng Zich gefuer, well de Risk bestoung, dass Stécker vun der Fielswand eventuell kéinten eroffalen.

Doduerch dass keng Zich aus dem Süden bis op Kautebaach komm sinn, a well och vu Clierf erof aktuell keng Zich op Kautebaach kommen, wéinst der Problematik vum Tunnel Schiebourg, konnten och keng Zich tëscht Kautebaach a Wolz fueren.

RTL

© CFL

D'Fixatiounsaarbechten zu Bierden sinn elo sou wäit virukomm, dass d'CFL den Datum vum 8. Mee genannt hunn, op deem den Trafic tëscht Ettelbréck a Kautebaach, respektiv Kautebaach a Wolz nees ka relancéiert ginn.