D'Regierung wëll sech an Zukunft méi staark der Waasserstoff-Technologie zouwenden. Eng éischt Waasserstoff-Tankstatioun kënnt dofir op Beetebuerg.
Dës soll Ufank 2023 am Logistikhub vun den CFL zu Beetebuerg opgoen a wäert fir all méiglech Gefierer, déi mat Waasserstoff fueren, accessibel sinn.
Den Hannergrond fir dës Decisioun ass d'Transitioun a Richtung erneierbar Energien an emissiounsfräie Verkéier.
Bis elo ass den Undeel u Waasserstoff an der Industrie nach relativ kleng an dëse gëtt och nach zu 100% aus fossillen Energien hiergestallt. Zil ass et awer, bis 2030 den Undeel u Waasserstoff zu 100% aus erneierbaren Energien ze bezéien. E weideren Asazberäich fir Waasserstoff soll bis dohinner och den Transportsecteur ginn. Dat gëllt dann ënner anerem fir schwéier Gefierer wéi Busser oder Camionen.