Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CFL: Nei "Automotricen" goufen zu Berlin presentéiert

Op der InnoTrans 2022 gouf goufen déi nei Maschinne vum Typ 2400, déi d'CFL kaf huet, presentéiert.

Déi éischt vun dëse Maschinne soll am Summer 2023 zu Lëtzebuerg fueren, dat emol op der Linn a Richtung Norden. Dono ass och virgesinn, déi nei Automotricen a Richtung Arel a Lonkech anzesetzen, schreiwen d'CFL an engem Communiqué.

Scho virun der Presentatioun op der InnoTrans goufen d'Maschinnen op verschiddenste Strecken an Europa getest, dat ënner anerem fir ze spieren, wéi sech d'Maschinnen ënner verschiddene Konditiounen ufillen, wéi bei Héchstgeschwindegkeet, Bremsen oder enger Noutbrems.

D'Maschinn mat der Nummer 2403 ass aktuell an der Belsch, fir d'Tester vun der Homologatioun um belsche Reseau ze maachen. Dono ginn déi selwecht Tester och am Grand-Duché duerchgefouert.

"Mat dësen neie Automotricen etabléieren d'CFL en neie Standard fir Passagéier zu Lëtzebuerg. Mam Kaf vun dëse neie Maschinnen kënne mer och eis Offer u Sëtzplazen eropschrauwen, haaptsächlech zu de Spëtzenzäiten. Dëst ass e Krittär fir Confort a Qualitéit, deen eise Cliente wichteg ass", seet den Direkter vum CFL-Groupe Marc Wengler.