Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CGDIS: 3 Blesséierter bei 3 Accidenter um Méindeg de Moien

RTL

Gerabbelt hat et um Schinker, zu Duelem an zu Réimech. Bei all deenen Accidenter gouf jeeweils eng Persoun blesséiert, schreift de CGDIS.

Géint 6.40 Auer sinn um Schinker zwee Autoen aneneegerannt. D'Pompjeeë vun Housen an d'Ambulanz vu Clierf waren am Asaz.

Kuerz virun 9 Auer sinn zu Duelem en Auto an e Moto net laanschtenee komm. D'Ambulanz vu Réimech, grad ewéi d'Pompjeeë vun Duelem goufen op d'Plaz geruff.

Um 10 Auer ass en Auto direkt an e puer geparkten Autoe gerannt, dëst zu Réimech. D'Ambulanz vu Beetebuerg war op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Réimech.