De CGDIS mellt zwee Accidenter um Samschdeg, dat op der A1 tëscht dem Gréngewald an op der N4 tëscht der Cloche d'Or a Leideleng.
Géint 7.50 Auer e Samschdeg de Moie koum et op der N4 tëscht der Cloche d'Or a Leideleng zu enger Kollisioun tëscht 3 Gefierer, woubäi 5 Persoune blesséiert goufen. De Samu, grad ewéi d'Rettungsdéngschter aus der Stad, vu Stengefort a Mamer waren am Asaz.
Op der A1 tëscht dem Gréngewald an dem Sennengerbierg war géint 14.42 Auer en Auto accidentéiert. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz.