Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CGDIS: 5 Blesséierter no Accident tëscht Éimeschbaach an Aasselbuer

RTL

© CGDIS

Géint Hallefnuecht huet et an engem Haus an der Rue Henri Dunant zu Stroossen gebrannt. Heibäi goufen zwou Persoune verwonnt.

Da gouf et nach eng Rei Accidenter. Géint 20 Auer e Méindeg den Owend sinn an der Zéissenger Strooss zu Zéisseng en Auto an e Motorrad net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt.

An der Rue de la Gare zu Bartreng gouf et kuerz no hallwer 6 en Accident mat 3 Gefierer. Zwou Persoune goufe blesséiert.

A ganzer 5 Blesséierter goufe et géint 17.30 Auer op der Streck tëscht Éimeschbaach an Aasselbuer bei engem Accident mat zwee Gefierer. Ee vun den Autoen huet doropshin ugefaange mat brennen.