Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CGDIS: 6 Joer ale Jong bei Groussbrand zu Keel gestuerwen, 10 Blesséierter

An der Nuecht op en Dënschdeg géint 3 Auer koum et zu Keel an der Rue du commerce zu engem Groussbrand an engem Appartementshaus.

Wéi de CGDIS matdeelt, wier Stand 6 Auer en Dënschdeg de Moien op d'mannst eng Persoun ëm d'Liewe komm. 10 weider Persoune wiere blesséiert ginn, verschiddener dovunner méi uerg.

D'Police huet méi spéit en Dënschdeg matgedeelt, datt e 6 Joer ale Bouf beim Groussbrand ëm d'Liewe komm ass. De Jong war bewosstlos ginn, konnt och aus dem Gebai gebuerge ginn, ass awer spéider am Spidol gestuerwen. Och d'Police schwätzt vun 10 Blesséierten an engem Mann, dee mat schwéiere Verbrennungen an d'Spidol koum.

Wéi d'Pompjeeën op d'Plaz koumen, gouf et um éischte Stack vum Gebai e gréissert Feier. Eng Partie Bewunner vum Appartementshaus hate sech op den Daach gerett. D'Rettungsekippen hu sech fir d'éischt drop konzentréiert, d'Persoune vum Daach ze evakuéieren, ier se sech op d'Sich no de weideren Awunner gemaach hunn. Parallel huet ee probéiert, d'Feier ze läschen, well et riskéiert huet, op zwee aner Gebaier iwwerzegräifen.

Interview mam Guy Bernard, dem Asazleeder vum CIS Keel

Eng 60 Pompjeeë ware fir d'Läschaarbechten op der Plaz. Och zwou Ambulanzen aus Frankräich koumen zur Hëllef.

Donieft gouf och e "lieu d'accueil des victimes indemnes" etabléiert, dat zesumme mam Groupe de support psychologique an der Gemeng Keel, fir no de ronn 30 Membere vun den implizéierte Famillen ze kucken.

Bis elo ass net gewosst, wat den Ausléiser vum Brand war, wéi d'Police matdeelt. De Miess- an Erkennungsdéngscht soll dat elo erausfannen.

PDF: Schreiwes vum CGDIS