Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CGDIS: Blesséiert bei Accidenter an een Auto fänkt Feier

De CGDIS mellt eng Rei blesséierter vun e Samschdeg den Owend an an der Nuecht op eise Stroossen.

Eng Persoun gouf bei engem Accident kuerz no 9 Auer e Samschdeg den Owend verwonnt. Dat war tëscht dem Wandhaff a Stengefort.

Géint 20 fir 2 e Sonndeg de Moien ass an der Suessemer Strooss zu Zolwer en Auto accidentéiert, eng Persoun gouf blesséiert.

An eng weider Persoun ass kuerz virun hallwer 4 e Sonndeg de Moie verwonnt ginn, wéi op der Autobunn a Richtung Arel zwee Autoen net laanschtenee komm sinn. D'Accident war tëscht dem Briddel a Stroossen.

Géint 20 fir 10 huet am Tunnel Markusbierg a Richtung Schengen en Auto Feier gefaangen, hei gouf kee blesséiert.

Da mellt de CGDIS all Kéiers ee Blesséierte bei Accidenter tëscht dem Wandhaff a Stengefort, an der Suessemer Strooss zu Zolwer an op der Autobunn a Richtung Arel, tëscht dem Briddel a Stroossen.