Nieft dem Brand vun enger Friteuse goufen d'Ekippe vum 112 zwee Mol op Accidenter geruff, bei deenen am Ganzen 3 Persoune blesséiert goufen.
Kuerz no 12.30 Auer waren zu Suessem am Quartier de l'Eglise zwou Persoune blesséiert ginn, wéi eng Friteuse Feier gefaangen hat. D'Rettungsekippe vum SaDiff an d'Pompjeeë vun Esch waren op der Plaz.
D'Pompjeeë vu Feelen an d'Ambulancieren aus der Nordstad waren en Dënschdeg géint 13.30 Auer an d'Baaschtnecher Strooss zu Nidderfeelen geruff ginn, nodeems hei zwee Autoen net laanschtenee koumen. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert.
Op der A31 a Richtung Frankräich hat et da géint 14.30 Auer tëscht zwee Ween geknuppt. Och hei goufen et zwee Blesséierter, déi vun de Rettungsdéngschter vu Beetebuerg an Diddeleng versuergt goufen.