Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CGDIS deelt mat: Unité de Produktion 1 vun Cattenom produzéiert nee Elektresch

RTL

© JEAN-CHRISTOPHE VERHAEGEN / AFP

An der Nuecht op e Mëttwoch gouf zu Kettenuewen nees eng weider Unitéit un dat franséischt Stroumnetz ugeschloss

An den nächsten Deeg wäert den "1" lues a lues u seng maximal Leeschtung erubruecht ginn a kann esou eng Millioune franséisch Bierger nees mat Stroum versuergen.

Den 11. Juni 2022 gouf d'Produktioun an dësem Tuerm erofgefuer, fir d'Maintenance duerchzeféieren. Donieft goufen och weider Aarbechte wéi och Modifikatiounen duerchgefouert, esou datt d'Unitéit bal 8 Méint vum Netz war. Ganzer 16.000 Aktivitéite vun den Maintenanceekippe goufen an där Zäit duerchgefouert.

Aktuell schaffen d'Unitéiten 1,2 a 4 um Netz, un der 3 gëtt nach weider geschafft.