Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CGDIS: Eng ganz Partie Verkéiersaccidenter an e Feier

Géint 6.30 Auer e Mëttwoch de Moie krute sech kuerz virum Beetebuerger Kräiz op der A3 an Direktioun Stad 3 Autoen ze paken.

Zwou Ambulanze vun Diddeleng an d'Pompjeeë vun Diddeleng a Beetebuerg waren hei op der Plaz, fir sech ëm zwou blesséiert Persounen ze këmmeren.

Kuerz no 7 Auer waren dann an der Route de Trèves um Sennengerbierg 2 Autoen aneneegerannt. Eng Persoun gouf hei blesséiert. D'Ambulanz aus der Stad an d'Pompjeeë vun Nidderaanwen waren hei am Asaz.

Géint 7.15 Auer hat dann eng Maschinn an enger Industrie-Hal zu Iechternach Feier gefaangen. Hei gouf eng Persoun méi eescht blesséiert. Zwou Ambulanze vun Iechternach, de Samu aus der Stad an d'Pompjeeë vun Iechternach a Konsdref waren op der Plaz.

Ronn eng Stonn méi spéit gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi zu Koplescht an der Rue de Mersch 2 Autoe matenee kollidéiert sinn. D'Ambulanz vu Mamer an d'Pompjeeë vu Koplescht waren hei op der Plaz.

Kuerz virun 9 Auer hat sech dann en Auto zu Flatzbuer iwwerschloen, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen. D'Ambulanze vu Réiden a Wolz an d'Pompjeeë vu Rammerech waren hei am Asaz.