Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CGDIS: Op d'mannst een Doudege bei Groussbrand zu Keel, 10 Blesséierter

An der Nuecht op en Dënschdeg géint 3 Auer koum et zu Keel an der Rue du commerce zu engem Groussbrand an engem Appartementshaus.

Wéi de CGDIS matdeelt, wier Stand 6 Auer en Dënschdeg de Moien op d'mannst eng Persoun ëm d'Liewe komm. 10 weider Persoune wier blesséiert ginn, verschiddener dovunner méi uerg.

Wéi d'Pompjeeën op d'Plaz koumen, gouf et um éischte Stack vum Gebai e gréissert Feier. Eng Partie Bewunner vum Appartementshaus hate sech op den Dag gerett. D'Rettungsekippen hu sech fir d'éischt drop konzentréiert, d'Persoune vum Dag ze evakuéieren, ier se sech op d'Sich no de weideren Awunner gemaach hunn. Parallel huet ee probéiert, d'Feier ze läschen, well et riskéiert huet, op zwee aner Gebaier iwwerzegräifen.

Eng 60 Pompjeeë sinn nach ëmmer fir d'Läschaarbechten op der Plaz. Och zwou Ambulanzen aus Frankräich koumen zur Hëllef.

Donieft gouf och e "lieu d'accueil des victimes indemnes" etabléiert, dat zesumme mam Groupe de support psychologique an der Gemeng Keel, fir no de ronn 30 Membere vun den implizéierte Famillen ze kucken.

PDF: Schreiwes vum CGDIS

RTL

© CGDIS