Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CGDIS: Zu Nidderfeelen ass eng Automobilistin mat hirem Won an e Bam gerannt

An der Nuecht op e Mëttwoch géint 2.45 Auer gouf et en Accident an der Route de Bastogne zu Nidderfeelen.

Hei war eng Automobilistin mat hirem Gefier an e Bam gerannt a gouf dobäi blesséiert. Wéi d'Police e Mëttwoch de Moie preziséiert, wier si aus Richtung Ettelbréck komm an hätt am Agang vun Nidderfeelen d'Kontroll iwwer hire Won verluer, hätt dunn e Stroosseschëld matgeholl a wier schlussendlech an e Bam gerannt. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt d'Fra ze vill gedronk hat. De Permis war op der Plaz fort.

Kuerz virun 1 Auer an der Nuecht op e Mëttwoch ass eng Policepatrull en Automobilist opgefall, deen däitlech ze séier zu Rëmeleng an der Rue de l'Usine ënnerwee war. Wéi d'Beamten den Auto stoppe wollten, huet de Chauffer probéiert, sech duerch d'Bascht ze maachen. Bei der Kontroll war dunn den Alkohol- an den Drogentest positiv. De Chauffer huet säi Permis awer dierfen halen.

En Dënschdeg den Owend gouf et géint 18.15 Auer eng Kollisioun tëscht zwee Autoen, och hei ass eng Persoun verwonnt ginn.