Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CGFP an FGFC: Cotisatioune bei CNS dierfen net eropgoen, Prestatioune mussen um Niveau bleiwen

D'Gewerkschafte vum Staats- respektiv Gemengepersonal sinn der Meenung, datt d'Krankekeess aner Finanzéierungsméiglechkeete misst fannen.

D'Staatsbeamtegewerkschaft an de Syndikat vun de Gemengebeamte schwätze sech an engem Communiqué géint d'Erhéijung vun de Cotisatiounen bei der CNS aus. Och d'Prestatioune fir déi Verséchert dierften net gekierzt ginn.

Allerdéngs wär et alarmant, dass d'Reserve bei der Gesondheetskeess schonn tëschent 2026 an 2028 komplett opgebraucht kéinte sinn.

Aner Finanzéierungsméiglechkeete missten hier, déi net exklusiv vun de Salairen ofhänken. Der CGFP an der FGFC no missten d'Ressource besser genotzt ginn. Fir d'Depense vun der CNS ze reduzéieren, missten onnéideg Iwwerschneidunge bei medezineschen Traitementer evitéiert ginn.

Déi zwou Gewerkschafte fuerderen iwwerdeems, dass d'Assurance maternité als Sozialleeschtung integral vum Staat iwwerholl gëtt, an net vun der CNS muss couvréiert ginn.

D'Staatsbeamtegewerkschaft an de Syndikat vun de Gemengebeamte weise kee Versteesdemech fir d'Retarde bei der Digitaliséierung am Gesondheetssecteur. Si waarden drop, dass déi annoncéiert eHealth-Plattform lancéiert gëtt.