Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CGFP deelt Kritik vum OGBL: Regierung muss Steiertabell un d'Inflatioun upassen - direkt

D'Regierung muss eppes maachen an dat esou séier wéi méiglech. Sou ass e Communiqué vun der CGFP e Méindeg de Moien iwwerschriwwen.

Der Staatsbeamtegewerkschaft no kann d'Finanzministesch Yuriko Backes vu Reserven an der Staatskeess schwätzen, well ënnert anerem d'Steiertabellen zanter Joren net un d'Inflatioun ugepasst ginn. Deemno deelt d'CGFP d'Kritik vum OGBL, dass déi annoncéiert Steiererliichterungen an Héicht vu 500 Milliounen Euro vun der Bierger virfinanzéiert goufen.

D'CGFP fuerdert, dass zousätzlech Niveaue vum Revenu an de Barèmen agefouert ginn.

D'Steiertabelle kéinten och gestreckt ginn: an zwar ëm 3.000 Euro fir déi éischt 19 Stufen. Dat géif dozou féieren, dass de Steiersaz vun 39 Prozent eréischt bei engem Joresakommes vu ronn 105.000 Euro erreecht wär an net, ewéi bis ewell, bei knapps 46.000 Euro.

Iwwerdeems fuerdert d'Staatsbeamtegewerkschaft, dass d'Steierklass 1A ofgeschaaft gëtt. An dass betraffe Leit - dacks Elengerzéier - an d'Steierklass 2 kommen.