Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Chamber: Besuch vun der Vizepresidentin vum ukrainesche Parlament

D'Varkhovna Rada Olena Kondratiuk wäert d'Chamber um 11.00 Auer en Donneschdeg de Moie besichen.

Am Kader vun hirer Visitt wäert si sech mam Chamberpresident Fernand Etgen a mam President vun der Kooperatiouns- an Integratiounskommissioun Yves Cruchten austauschen.

Donieft steet en Donneschdeg de Mëtteg eng Plenière um Ordre du Jour. Do stinn en Debat iwwer d'Lutte géint d'Desinformatioun an iwwer e Gesetzesprojet fir Energie-Hëllefen fir Strukturen fir eeler Leit um Programm.

Ausserdeem ass eng Orientéierungsdebatt iwwert de Finanzement vu gréisseren Infrastruktur-Projeten. Hei geet et ëm 52 Projeten, déi jeeweils am Ganzen tëscht 10 a 40 Milliounen Euro kaschte sollen. Eréischt wann e Projet 40 Milliounen Euro kascht, ass fir dësen en eegent Finanzéierungsgesetz néideg.