Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Chamber-Debat: Biergerbedeelegung: sënnvoll oder eidelt Verspriechen?

D'Biergerbedeelegung sollt net just fir d'Wale gestäerkt ginn, mee d'Demokratie misst allgemeng méi participativ sinn.

Och d'Aarbecht vun der Politik misst méi transparent sinn. Wat dat ugeet, ware sech d'Deputéiert allgemeng eens. De Gréngen Deputéierte François Benoy hat zu deem Sujet en Dënschdeg en Debat an der Chamber gefrot. D'Vertrauen an d'Politik kéint duerch méi Biergerbedeelegung gestäerkt ginn, mee et sollten awer keng falsch Versprieche gemaach ginn.

Dat kéint nämlech geféierlech sinn. D'Biergerbedeelegung sollt och zu Resultater féieren. D'Myriam Cecchetti vun Déi Lénk géing sech an deem Kader zum Beispill wënschen, dass den Austausch mat deene Jonken aus dem Jugendparlament net nëmmen ee mol d'Joer ass.

Dem Frank Colabianchi vun der DP no, ass et awer och wichteg, dass d'Entscheedungen allgemeng méi séier kënnen ëmgesat ginn. Och dat kéint bei de Leit nämlech soss zu Frust féieren.

Mee och eng besser Informatiounspolitik wier en Deel vun der Partizipatioun. Nieft den techneschen Dokumenter, missten d'Leit e Resumé kréien, mat de wichtegste Punkten vun der Ännerungen, déi geplangt sinn, esou den CSV-Deputéierten Gilles Roth.

D'Leit kéinte just invitéiert ginn, mee d'Entscheedung matzemaachen, oder ebe net, läit beim Eenzelen. An deem Kader war och vun der niddreger Partizipatioun vun de Net-Lëtzebuerger bei de Gemengewale Rieds.

Matschwätzen wier dacks och un Zäit gebonnen. Vill Leit kéinten sech dat an engem gewësse Sënn net leeschten, huet de Piraten-Deputéierten Sven Clement erënnert.

Dem Fred Keup no kéint e Biergerrot och Leit ausschléissen, well senger Meenung no Leit déi sech fir esou e Prozess umellen, éischter eppes ännere wëllen. De Referendum wier awer dem ADR-Deputéierte no eng gutt Méiglechkeet, fir sech anonym an op direktem Wee mat sengem Kräiz ze bedeelegen. Dat hätt ee beim Referendum zum Auslännerwalrecht och gesinn.

Vu Regierungssäit huet de Premier Xavier Bettel d'Biergerbedeelegung allgemeng begréisst, doriwwer eraus awer och betount, dass d'Chamber gewielt ass an domadder och d'Responsabilitéit fir d'Decisiounen huet.