Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Chamberdebatt: Wéi kann d'Lëtzebuerger Ekonomie sech weiderentwéckelen?

Dat war en Donneschdeg Sujet an der Chamber am Kader vun enger Interpellatioun vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar.

Chamberdebatt Wirtschaft / Rep. Claudia Kollwelter

Iwwer 4 Stonne gouf um Krautmaart iwwert d'Wirtschaft hei am Land diskutéiert, mat Denkustéiss iwwert d'prioritär Secteuren, d'Kompetitivitéit an d'Digitalisatioun.

Eist Land an och eis Wirtschaft géif mat der Finanzplaz stoen a falen, huet de Laurent Mosar ervirgestrach. Dës soll méi gréng a méi nohalteg ginn. Wéi - do huet d'CSV e puer kloer Proposen: "Eng taxe d'abonnement bei de Fongen, déi an AEG Produiten investéieren. Mir hunn de Moment dee Regime, mir proposéieren deen Taux op 0 ze sëtzen. Dat géif international weisen, datt mir hei zu Lëtzebuerg onbedéngt wëllen nohalteg Fonge kréien."

D'Erausfuerderunge vun der Zäit wieren enorm, huet den Deputéierte vun déi Gréng Charles Margue betount an e puer Richtlinne genannt, déi a sengen Aen d'Wirtschaft bestëmme missten: "Decarbonisatioun, ganz staark reduzéierte Flächeverbrauch, Erhale vun der Biodiversitéit, Energieeffizienz, Begrenzung vun eisen Emissiounen, Produktiounsverbesserung duerch technologesch Innovatioun, verkierzt a kontrolléierbar Liwwerketten, Respekt vun de Mënscherechter a Green Finance."

An den Ae vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser géifen et eng Partie Problemer ginn, déi direkt op nationalem Niveau geléist kéinte ginn: "Zum Beispill d'Bürokratiséierung. Wisou féiere mir hei am Land nach eng Diskussioun, datt wa mer e Liwwerkettegesetz kriten, mir nach géifen iwwert den europäeschen Niveau eraus goen. Wat wier dat fir eng Belaaschtung fir d'Lëtzebuerger Entreprisen? A géife grouss Entreprisë Lëtzebuerg dann net einfach ignoréieren?"

Et wier virun allem wichteg, datt eis Wirtschaft nohalteg a resilient wier, huet iwwerdeems nach d'Myriam Cecchetti vun déi Lénk ënnerstrach.