Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Chambre des Métiers: Engagement vu Regierung zu maximal 2 Indextranchen fir 2023 gefuerdert

RTL

Dëst am Fall wou d'Inflatioun awer méi héich wär, wéi d'Tripartite virgesinn hat.

Déi finanziell Belaaschtung fir d'Betriber wier héich, wéinst den zwou Indextranchen a wéinst der Erhéijung vum Mindestloun. Am Ganze wier dat eng Ufanks d'nächst Joer eng Hausse vun 8,5 Prozent op de Salaireskäschte vun de Betriber.

Donieft wier een net sécher ob net awer nach weider Indextranchë wäerte fälleg sinn an dowéinst fuerdert d'Chambre des métiers, dass d‘Regierung sech formell engagéiert, fir all Impakt vu weideren Indextranchen, déi iwwer déi zwou geplangten Tranchen erausginn, z'evitéieren. Dëse formelle Support misst och am Gesetzprojet virgesi ginn, esou fuerdert et d'Handwierk.