Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Champions League: Bayern München gewënnt mat 2:0 géint Barcelona

Den Hernandez an de Sané hunn d'Goler fir d'Bayern markéiert. Liverpool huet géint Amsterdam gewonnen.

An der Champions League war en Dënschdeg den Optakt vum 2. Spilldag. Am Spëtzematch vum Grupp C huet Bayern München an der Allianz Arena no enger manner gudder 1. Hallschent eng besser zweet gewisen, a klappt Barcelona um Enn mat 2:0. Am nämmlechte Grupp huet Inter Mailand hier zweete Victoire konnte feieren, dat mat engem 2:0 zu Pilsen.

Am Grupp A huet Liverpool seng éischte Victoire agefaangen. D'Reds spillen 2:1 géint Ajax Amsterdam. D'Glasgow Rangers a Neapel spille réischt um Mëttwoch den Owend. Porto huet am Grupp B eng ferm Néierlag géint Brügge missen astiechen. Leverkusen huet duerch eng staark Schlussphase mat 2:0 géint Atlético Madrid gewonnen.

Eintracht Frankfurt konnt hiren 1. Match an der Veräinsgeschicht an der Kinneksklass gewannen, dat mat 1:0 zu Marseille. Iwwerdeems huet Sporting Lissabon mat 2:0 géint Tottenham Hotspur d'Iwwerhand behalen.

Grupp C

No engem Ballgewenn an der 9. Minutt vum Lewandowski ass de Pedri am Strofraum frei zum Schoss komm, huet säi Meeschter awer beim Neuer fonnt, dee Weltklass paréiert huet. Et war déi éischt geféierlech Aktioun am Match. Barca ass Defense vun de Bayern frei ugelaf, huet d'Münchener esou ënner Drock gesat, an hat an der Ufanksphase d'Iwwerhand vum Match.

An der 17. Minutt sinn d'Katalanen nom Zouspill vum Pedri mam Lewandowski alt nees geféierlech virum Gol vum Neuer obgedaucht, de Schoss vum Ex-Münchener ass awer iwwert de Gol gaangen. Kuerz dorop ass de 37-Järege per Kapp um Neuer hänke bliwwen. Barca zu dësem Zäitpunkt iwwerleeën, Bayern huet net prezise genuch gespillt, an hat vill einfach Ballverloschter. No enger knapper hallwer Stonn hat Bayern eng éischt gutt Chance, dat duerch e Schoss aus ronn 17 Meter vum Sabitzer; säi Schoss ass awer lenks laanscht de Gol gaangen, sou dass et mat engem 0:0-Gläich an d'Kabinne gaangen ass.

Nom Säitewiessel huet Bayern een anert Gesicht gewisen. Den agewiesselte Goretzka, fir de Sabitzer an de Match komm, huet den ter Stegen an der 50 Minutt gepréift, den däitschen am Gol vu Barcelona konnt de Schoss zum Eckball paréieren. De Corner huet de Kimmich an de Fënnefmeterraum geschloen, wou den Hernandez ganz eleng stoung, an de Ball an de Filet zur Féierung fir d'Bayern gekäppt huet.

Drei Minutte méi spéit huet Barcelona de Ball am Mëttelfeld verluer, Bayern huet iwwert de Musiala gekontert, an de Sané huet de Ball gefillvoll laanscht den ter Stegen konnten zum 2:0 an de Gol leen.

Barcelona hat duerch de staark opspillende Pedri an och duerch de Lewandowski weider Chancen, mee virun allem beim Weltfussballer vun 2021 sollt d'Gléck an aler Heemescht net op senger Säit sinn. Bayern gewënnt opgrond vun enger staarker zweeter Hallschent mat 2:0 géint Barcelona.

De Resumé vum Match Viktoria Pilsen géint Inter Mailand

Grupp A

De Match Glasgow Rangers géint Neapel gëtt ausnamsweis e Mëttwoch gespillt.

Grupp B

Grupp D

All d'Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater vun der Champions League ze kommen.