Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Chantier tëscht Colmer-Bierg a Schieren: Mat décke Kalibere fir eng nei N7

Se ass d'Attraktioun aus der Regioun – Dosende Leit hu sech e Samschdeg versammelt, fir déi nei Bréck um Schierener Terrain ze bewonneren.

Iwwert de Weekend gëtt déi nei Bréck op der N7 tëscht Colmer-Bierg a Schieren fixéiert. E Samschdeg gouf no vill Preparatioun d'Bréck vu 700 Tonne placéiert. E puer richteg déck Kalibere koumen an den Asaz.

Eng kuerz Visitt vum Noper vu Colmer-Bierg gouf et och. Net all Dag gëtt e Stolgigant vun 72 Meter ronderëm kutschéiert. Fir de Frédéric De Oliveira vu Ponts et Chaussées an déi 30 Aarbechter um Chantier huet den Dag fréi ugefaangen: "Mir hunn haut de Mueren um véierel op 2 ugefaangen, d'Bréck eriwwerzehuelen. Déi gëtt mat engem Kran zu där enger Säit ugehalen, op der anerer Säit gi se mat Kamagen, mat Gefierer, déi eleng fueren, eriwwergedréckt. Déi fueren d'Bréck haut bis op hir definitiv Plaz. Muer da gëtt dann d'Bréck, déi aktuell 3 Meter ze héich ass, erofgesat."

Zentimeter fir Zentimeter beweegt sech d'Bréck um Samschdeg iwwert d'Zuchschinnen ewech. Hiewen a balancéieren mécht e Raup-Kran aus der Belsch. A senger Gamme - weltwäit – deen zweetgréissten. Dat däitscht Schwéiergewiicht packt bis zu 1.000 Tonnen. 11 an eng hallef Stonn huet de richtege Placement vun der Bréck gedauert.

"Mir hu keng Plaz hei um Chantier, dofir hu mer misse kucken, eng Léisung ze fannen, fir d‘Bréck ze placéieren, déi esou mann ewéi méiglech Plaz hëlt an awer an engem Dag kann duerchgefouert ginn,“ erkläert de Frédéric De Oliveira.

De Chantier huet am Februar 2021 ugefaangen. Eng provisoresch Konstruktioun aus Wales gouf virun 12 Méint montéiert. D'original Bréck vun 1960 huet misse Plaz maachen. De Gilberto Fernandes, Chargé d‘études vu Ponts et Chaussées: "Déi Bréck war schonn zweemol transforméiert ginn. Also liicht renforcéiert. Se hat hir Liewensdauer hannert sech. Da sinn nach aner Contrainten dobäikomm, ewéi gewëssen CFL-Ofstänn gebraucht goufen.“

D'N7 bleift iwwerdeems nach bis den 10. Februar ganz, respektiv zum Deel gespaart. Eleng den Ofbau vum Kran dauert 4 Deeg. 86 Semi-Remorquë kommen hei an den Asaz fir säin nächsten Asaz an der Normandie.