Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CHEM: Méi Urgencë-Fäll wéi viru Covid

An den Urgencë vum Escher Spidol notéiert ee méi Fäll, wéi nach virun der Pandemie. Virop géif et sech ëm eeler Leit handelen.

D'Urgencen an de Spideeler sinn am Laf vum leschte Joer nees an den normale Betrib iwwergaangen. Am Verglach zu virun der Pandemie hätt Zuel vu Fäll am Noutdéngscht zougeholl.

Dat ass jiddefalls de Constat am Escher Spidol. Där Klinik am Land, wou am Joer am meeschte Patienten an den Urgencë passéieren.

Am Dezember gouf et am CHEM e Pick vun 323 Urgencë-Fäll an engem Dag. Seet de Patrick Binda, Chef vum Service.

Häerz- oder Otemproblemer, Infektiounen, Kranker, deenen hiren Zoustand sech generell verschlechtert. D'Pathologie wier déi selwecht wéi virdrun, et géifen ebe just méi Fäll a se wieren deels méi schlëmm, erkläert de medezineschen Direkter, den Dr Romain Schockmel. Virop géif et sech ëm méi eeler Patienten handelen.

"D'Fleegeheemer, d'CIPAe si vläicht méi animéiert, d'Patiente - berechtegterweis - méi séier an d'Spidol ze bréngen. D'Geriatrie gëtt mëttlerweil e wichtege Service, d'Geriatrie aiguë. An do heescht et op déi Demande, déi op eis zoukënnt, elo Solutiounen ze fannen."

Eng Erklärung fir d'Hausse vun den Urgencë-Fäll huet een haut nach net.

D'Erausfuerderung ass a bleift, fir flexibel op onprevisibel Zouleef vu Patienten ze reagéieren. A beschtméiglech ze koordinéieren, fir d'Delaie kuerz ze halen.

138 Minutten huet et 2022 an der Moyenne gedauert, bis e Patient mat héchster Prioritéit duerch d'Urgence am Chem erduerch war. 79 Minutten, fir e Patient mat enger klenger Urgence, Prioritéit Niveau 5. Dës Leit ginn am Triage direkt an eng aner, séier Filière geschéckt.

"Dat wichtegst fir eis, ass ze assuréieren, datt de Patient déi selwecht Chancen huet. Egal wéini an ëm wéi eng Auerzäit e kënnt", betount de Patrick Binda.