Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Cité vun der Sécurité sociale: Neit Gebai op der Gare gouf presentéiert

Wien an Zukunft bei de Kontrolldokter muss oder e Rendez-vous bei der Gesondheetskeess huet, dee muss vun dësem Summer un an hir nei Cité an der Stad goen.

Dës läit vun der Gare aus gekuckt aktuell nach e bësse verstoppt hannert zwee eelere Gebaier a Chantierscontaineren. Ma vun der Hollerecher Strooss aus ass dat neit Gebai mat sengen 10 Stäck kaum z'iwwersinn. E Mëttwoch gouf dat neit Gebai der Press eng éischte Kéier presentéiert.

Op gutt 37.000 Quadratmeter wäerten nieft dem Contrôle médical vun der Sécurité sociale an dem Centre commun, och d'CNS, d'Assurance Accident an d'Adminstratioun vun der Evaluatioun an der Kontroll vun der Assurance dépendance hei hiren neie Siège kréien. Dat sinn alles an allem gutt 1.200 Mataarbechter. An déi plënneren an den nächste Wochen alleguer no an no eran. Bis hei Clientë kënnen empfaange ginn, dauert awer nach e bëssen, wéi de President vum Kompensatiounsfong vun der Renteversécherung Alain Reuter erkläert.

"Fir de Public, do musse mir eis nach e bësse gedëllegen. Dat gëtt héchstwarscheinlech no Christi Himmelfaart. Einfach well ee jo dann awer och muss d'Fluxe vun de Leit mat eranhuelen an, datt dat alldeeglecht Schaffen och hei emol méiglech gëtt. Fir dann ze soen, datt de Guichet och kéint opgoen, datt d'Leit kéinte convoquéiert ginn op de Contrôle médical. Fir datt dat alles ka riicht lafen, musse mir do ee Stéchdatum hunn an dat kënne mir nach net Honnertprozenteg soen."

Bei der Konstruktioun gouf dann och dorop opgepasst, dass méiglechst wéineg Energie verbraucht, esou de Responsabele fir d'Gebai vum Kompensatiounsfong, de Romain Betz.

"Mir hunn zum Beispill d'Cogeneratioun ugeschloss vun der Stad Lëtzebuerg, dat heescht Chauffage urbain. Um Daach hu mir Photovoltaik, wat normal ass, wat och eng Flicht ass fir ëffentlech Gebaier. Mir hunn awer och zum Beispill e Wärmetauscher fir d'waarm Waasser fir d'Kichen, dee komplett d'Kiche versuergt. Mir hunn en Energiekonzept, wat dozou bäidréit, dass dat ganzt Gebai mat extreem wéineg Energie ka funktionéieren, esouwuel an der Killung, wéi och am Heizen."

Dat neit Gebai, dat ronn 158 Milliounen Euro kascht huet, soll dann och kënne mat wuessen. Éischtens goufen d'Büroe fir méi Leit geplangt, wéi elo wäerten eraplënneren, an zweetens wäert niewendrun nach en zweet Gebai entstoen, wat mat dësem verbonne gëtt. Do kommen dann och d'Pensiounskeess, d'Zukunftskeess an de Kompensatiounsfong vun der Renteversécherung hin.

Dat aalt Gebai op der Escher Strooss wäert ofgerappt ginn. Den Terrain ass Deel vum Quartier Nei Hollerech, esou dass hei an den nächste Jore wäerten ënnert anerem nei Wunnengen, Büroen a Butteker entstoen.