Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CityClim: RTL sicht 5 nei Plazen an der Stad, wou nei Wiederstatioune kënnen installéiert

Besonnesch am Summer fält op, dass et an der Stad dacks méi waarm ass, wéi um Land. Duerch den opgehëtzte Bëtong killt et Nuets nëmme wéineg of.

Dat ass nëmmen ee vu ville Wiederphenomener, déi am urbane Raum anescht sinn.

Fir dës Phenomener besser ze analyséieren, ass de Projet "CityClim" an d'Liewe geruff ginn, mam Ziel ee méi héichopléisend Modell ze erstellen. Dobäi kënnt och Dir hëllefen, well RTL sicht fënnef Plazen an der Stad fir nei Wiederstatiounen. Fënnef Plaze mat enger Gréngfläch, wou een e Poul an de Buedem ka schloen. Eng Wiss oder en Gaart, an der Stad, am beschten 10 op 10 Meter, do gëtt dann ee Poul vun 2 Meter ageschloe wou d’Wiederstatioun dru fest gemaach gëtt.

Soss gëtt wieder näischt gebraucht, well den Apparat huet eng integréiert Photovoltaikzell, déi dat néidegt u Stroum liwwert. Keen Besoin also fir eppes un e Kabel unzeschéissen oder Batterië mussen ze tauschen. Och Internet brauch déi sou genannten Helix net, si sent hier Daten iwwer de LoRa Protokoll automatesch un Kachelmann Wetter. Déi fënnef nei Wiederstatioune moossen niewent Temperatur a Loftfiichtegkeet och nach déi global Stralung an de Reen.

Programm vun dem EU-Horizon 2020 

D'Stad Lëtzebuerg ass niewent Karlsruhe, Valencia an Thessaloniki déi aller éischte vun de véier Pilotstied, déi beim Projet de vun der EU finanzéiert gëtt mat maachen. Eis wallonéiert Haaptstad bréngt och eng sëllegen Ënnerscheeder mat, déi et sech lount ze erfuerschen. Well do kënnen tëschent Kierchbierg a Gronn gären emol grouss Ënnerscheeder am Klima sinn.

Dobäi geet et och drëms fir festzestellen, wéi sech eis Stied am Klimawandel veränneren. Well an Zukunft wäerten et nach méi dacks Tropennuechten, mat Temperaturen net ënner 20°C ginn, an och an den Héichsummerdeeg wuel méi wéi ee mol d’Mark vun de 40°C geknackt ginn.

Ee méi héichopléisend Netz

Dat dicht Netz vun 100 Meter op 100 Meter huet net nëmmen de Virdeel dass een Differenzen op klengstem Raum ka feststellen, mee all eenzele kann dovunner profitéieren. Wann de System bis leeft, kann een an der RTL App spéider uginn, wat fir eng Temperatur een als agreabel empfënnt, an d’App weist engem, wou déi Temperatur grad ass. Villäicht am Park oder am Gronn. "CityClim" hëlleft an Zukunft awer och dem Urbanist beim plangen. Well esou Modeller weisen, wou de Wand zirkuléiert, wou gebaut ka ginn, a wou Gréngfläche fir déi néideg Ofkillung optimal placéiert sinn.

Eppes fir d’Fuerschung maachen

Niewent de fënnef Wiederstatioune ginn och nach zwou Plaze gesicht, wou de Wand gemooss ka ginn, dofir ass de Potto allerdéngs keng zwee mee fënnef Meter héich, an och ronderëm dierf net vill sinn, wat Zirkulatioun ka behënneren. Wa méiglech sollen dës Statiounen esou laang et geet op der selwechter Plaz stoe bleiwen, fir och an 10 Joer eng Evolutioun kënnen eraus ze liesen.

Avis aux Amateurs. Wann Dir also an der Stad wunnt an do e bëssche Plaz an ärem Gaart ze vill hutt, kënnt Dir Iech op [email protected] mellen. Domat hëlleft dir net nëmmen der Fuerschung géint de Klimawandel, mee Dir suergt och derfir, dass d’Awunner an der Stad Lëtzebuerg sech zesumme mat "CityClim" an RTL hiert Wuelbefanne verbessere kënnen.