Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Clientë ginn automatesch iwwerholl: First Citizens Bank iwwerhëlt insolvent Silicon Valley Bank

D'US-Finanzinstitut First Citizens Bank huet sämtlech Depoten a Kreditter vun der Sillicon Valley Bank (SVB) opkaaft.

D'Transaktioun ëmfaasst deemno Depoten an Héicht vun 119 Milliarden Dollar (110,5 Milliarden Euro) souwéi zousätzlech 72 Milliounen Dollar u Verméigen.

Déi 17 Filiale vun der SVB sollen e Méindeg ënnert dem Numm First Citizens opmaachen an d'Clientë vun der SVB ginn automatesch vun der neier Bank iwwerholl, heescht et weider. Fir d'Sécherung vun den Depote bleift weiderhin den zoustännege Fonds FDIC verantwortlech.
D'SVB wier op d'Verméige gekuckt déi 16-gréisst Bank an den USA an e wichtege Bailleuren, virun allem fir Startuppen. D'Bank war nom Ustuerm op d'Konten Ufank Mäerz vun den Autoritéiten zougemaach ginn. Den SVB-Kollaps ass déi gréisste Bankefaillite an den USA zanter der Finanzkris 2008 a suergt fir vill Nervositéit am Bankesecteur an un de Bourssen, och an Europa.