Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Clientë vu Post Finance: Zënter Ufank vum Joer kann een ouni Fraise Suen ophiewen

Gratis stinn domat eleng am Grand-Duché 450 Geldautomaten zur Dispositioun.

Et ass vläicht net vu Jiddwerengem gewosst, mee zanter dem Ufank vum Joer kënnen all Clientë vu Post Finance ouni Fraise Suen op allen Bankomater hei am Land oder Europa ophiewen.

Gratis stinn domat eleng am Grand-Duché 450 Geldautomaten zur Dispositioun.

Aktuell huet d'Post nach 36 Bankomater, d'Zuel dovunner geet bis Enn vum Joer op 30 erof.

D'Automaten déi bleiwen, ginn duerch Neier ersat, wou Een och ka Suen abezuelen.

De Post-Bancomat zu Ëlwen ass aktuell ausser Betrib geholl ginn, d'Police hat dëst geroden, nodeem dësen Automat 14 Mol bannent de leschte 4 Joer iwwerfall gi war.

De Post-Bankomat zu Ëlwen soll awer nees geschwënn mat engem verbesserte Sécherheetskonzept operabel sinn.

Dës Informatioune liwwert de Wirtschaftsminister Franz Fayot op eng parlamentaresch Fro vum DP Norddeputéierten André Bauler.