Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Collège médical: S2 Formulaire suergt bei ville Leit fir Kappzerbrieches

Fir e medezineschen Transfert an d'Ausland brauch een den Accord vum Kontrolldokter vun der Sécurité sociale. A genee do hapert et.

"Mir kruten Enn 2021 ganz vill Plainten eran vun Dokteren a Patienten, wat de medezineschen Transfert an d'Ausland betrëfft." Dat sot den Direkter vum Collège médical, den Dr. Pit Buchler am RTL-Interview. De sougenannten "S2 Formulaire", dee fir sou een Transfert néideg ass, suergt bei ville Leit fir Kappzerbrieches.

Kappzerbrieches wéinst S2 Formulaire/Rep. Claudia Kollwelter

Fir e medezineschen Transfert an d'Ausland brauch een den Accord vum Kontrolldokter vun der Sécurité sociale. Deen Accord hat d'Edith Poth-Potalska 2020 wéinst Réckeproblemer krut. Si sollt eng Kuer am Ausland maachen, wéinst der Pandemie war dat dunn awer net méiglech. 2021 huet si déi nämmlecht Demande nach emol gemaach - dunn allerdéngs mat engem Refus:

"De Problem vum Réck ass net réckgängeg, d'Krankheet kann een net stoppen, dofir wiere reegelméisseg Kueren wichteg. Dofir hunn ech net verstanen, wisou ech et refuséiert krut, allerdéngs 2020 accordéiert. Ech war ganz duercherneen."

Den Direkter vum Collège médical kennt d'Problemer vun de Refuse vu Patienten, awer och déi vun Dokteren, déi sech schwéier di mat deem, wat de Contrôle médical zum Beispill un zousätzlechen Dokumenter verlaangt.

Den Dr. Pit Buchler:

"Déi stuer no hiren Virschrëften agéieren an doduerch sech schlecht an d'Positioun vum Dokter kënne versetzen, deen um Terrain ass an deen zum Patient seet: 'Ech schécken iech an d'Ausland'."

Opgrond vun de Plainten hat de Collège médical eng Entrevue mam Contrôle médicale ugefrot, fir ze kucken op een d'Prozedure kéint vereinfachen – dat war am Mäerz:

"Ech mengen net, datt sech doropshi vill geännert huet. De Contrôle médical ass sech och bewosst iwwert d'Schwieregkeet vun hirer Missioun an hu sech souguer iwwerluecht, ob hir Missioun net soll zréckgoen un d'Krankekeess."

Op d'mannst, wat den S2 Formulaire ugeet, wäert dëse vun en Donneschdeg u vereinfacht ginn. Dat huet eis de Minister vun der Sécurité sociale, de Claude Haagen confirméiert.

Erklärungen dozou ginn et en Donneschdeg am Mëttesjournal. Den Dossier vun den Auslandstransferten ass och den Owend Sujet am Journal op der Tëlee.