Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Commentaire vum Carine Lemmer: (Tubaks-) Geld sténkt net

Dëst Joer wäerten hei am Land 4 Milliarden Zigaretten a 4.950 Tonnen Tubak am Lassene verkaf ginn. Méi wéi eng Milliard Euro kommen esou iwwer Accisen an TVA an d'Staatskeess. Déi Recettë maache 5 Prozent vum Staatsbudget aus. Dës impressionant Zuele waren d'lescht Woch Thema an der Chamber. A weisen, datt d'Finanzpolitik - op d'mannst beim Tubak - méi wichteg ass, wéi d'Gesondheetspolitik. E Commentaire vum Carine Lemmer.

Lëtzebuerg verdéngt gäre Sue mat ongesonde Saachen. Alkohol verkafe mer fläisseg, Bensinn an Diesel och … an den Tubak. Mir verkafen dee méi bëlleg wéi an den Nopeschlänner a fëllen esou eis Staatskeess. D'Recetten um Tubak maachen also 5 Prozent vum Staatsbudget aus - dat ass wierklech enorm - a wärend manner Bensinn an Diesel verkaf gëtt, ass et awer bei den Tubaksproduiten e Plus vu 15 Prozent.

De Commentaire vum Carine Lemmer

Hei am Land kascht ee bestëmmte Pak Zigarette 5,5 Euro. A Frankräich ass et bal dat duebelt mat 10,5 Euro. An der Belsch sinn et 7,5 an an Däitschland 7,6 Euro.

Datt Fëmmen extrem schiedlech ass, misst all Mënsch wëssen. Am Damp vum Tubak sinn iwwer 250 gëfteg oder kriibserreegend Substanzen. All Joer stierwe 7 Millioune Mënsche wéinst dem Tubak, dorënner 1,3 Milliounen Net-Fëmmerten. Fëmme provozéiert Kriibs, Asthma, Bronchitten an och Häerzinfarkter oder e Schlag. D'Zuel vun de Fëmmerten klëmmt aktuell zu Lëtzebuerg. Zejoert soten 28 Prozent, datt si géifen zur Zigarett gräifen, 19 Prozent souguer all Dag. An déi Jonk fëmmen och nees léiwer.

Iwwert de Präis léisst sech de Konsum steieren. D'DP an d'Finanzministesch Yuriko Backes hunn d'lescht Woch an der Chamber awer kloer gemaach, datt si de Präis net wëllen an d'Luucht setzen. De Budget wär drop ugewisen. Et hätt een e Modell geierft. Mat hir géif et keng "abenteuerlech Steierpolitik" ginn.

Déi aner Regierungsparteien LSAP an déi Gréng kéinten sech awer duerchaus eng Hausse vun den Tubakssteiere virstellen. Déi Lénk och, d'Piraten och. Och d'CSV hält eng Hausse vun engem Euro um Pak fir méiglech. Just d'ADR ass géint méi héich Steieren. De Staat soll sech net amëschen. D'ADR mengt anscheinend, ganz vum selwen géif haut net méi an de Caféen a Restauranten an an de Fligere gefëmmt a passiv matgefëmmt ginn.

Lëtzebuerg ënnerstëtzt also weider mat senger Finanzpolitik d'Fëmmen. Aus dem Gesondheetsministère héiert een aktuell näischt zu deem Thema. Keng Campagne och fir iwwer d'E-Zigaretten opzeklären oder d'Shisha-Fëmmen. Déi Jonk si fir dee séissen Tubak besonnesch empfänglech. Dat ass nach en zousätzleche Problem, deen net ugepaakt gëtt.

Aner Länner ginn do aner Weeër. Ok, Neiséiland oder Australien si wäit ewech an do kascht de Pak Zigaretten iwwer 20, souguer 23 Euro. Mä méi no bäi - an Dänemark - däerf een Zigaretten net méi an de Butteker gesinn. E-Zigaretten däerfe just no Tubak oder Menthol schmaachen an déi, déi no 2010 gebuer sinn, solle keng Zigarette méi dierfe kafen.

Jo, sou eng Politik dreift och de Schwaarzmaart un a wa mir manner Sue mat den Zigarette verdéngen, musse mer eis idealerweis eng afale loosse wou déi Sue soss sollen hier kommen. Op där anerer Säit musse mer eis froen, wéi laang mer mat deem gëftege Tubak nach wëlle Sue verdéngen.