Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Commentaire vum Claude Zeimetz: Firwat stinn "déi mam Frieden"?

Et kléngt nawell zimmlech groussspuereg. D'CSV huet eegenen Aussoen no e Spëtzekandidat gesicht, deen "d'Partei an d'Land zesummeféiert". Ob de fréiere Finanzminister an aktuelle Patronatsvertrieder Luc Frieden dat no 9 Joer Absence an der aktiver Politik fäerdeg bréngt, muss sech béides nach weisen.

De Commentaire vum Claude Zeimetz

Den Ament mol sinn déi Chrëschtlechsozial extreemst drëms beméit, fir no baussen demonstrativ geschlossen opzetrieden. Knaschteg Wäsch soll am Superwaljoer net méi op der Place publique gewäsch ginn, den CSV-Krabbekuerf gezësst ginn. Et muss ee jo alt eppes aus dem Frëndeskrees-Debakel geléiert hunn an datt et bei der Basis an de Wieler a Wielerinnen net wierklech gutt ukënnt, wann een eege Parteimemberen op d'Geriicht hëlt. Nom eestëmmege Support vun de Jonke vun der CSJ, deenen de Renouveau, dee se soss ageklot hunn, den Ament net méi schéngt sou wichteg ze sinn, gouf de Luc Frieden e Mëttwoch mat just zwou Enthalunge vun der ganz grousser Majoritéit vum Nationalrot op d'Missioun "Reconquista" geschéckt.

D'Partei probéiert elo, dem Ex-Minister säin Exkurs an d'Privatwirtschaft no der Defaite bei der virleschte Walen als besonneschen Atout ze spinnen. Hie wier besonnesch qualifizéiert fir den Job, net trotz senger Absence an der aktiver Politik, mä grad dowéinst, a géif  "frësche Wand" mat erabréngen. Dat kléngt jo awer och méi schéin, wéi ze behaapten, déi haart Oppositiounsbänk wier dem laangjärege Minister net gebrode gewiescht.

An natierlech och méi schéin, wéi wann ee sech an aller Ëffentlechkeet misst als Parteispëtzt agestoen, datt een et an den zwou leschte Mandatsperioden net fäerdegbruecht huet, een konsensfäege Spëtzekandidat aus den aktive Mandatairen opzebauen an ze designéieren.

Datt deen een oder aneren äerdegen Deputéierte respektiv jonken ambitionéierte Parteimember sech de Renouveau vun der Vollekspartei vläicht anescht virgestallt hat, wéi an der Persoun vun engem 59 Joer alen Ex-Minister, steet ausser Fro. Mä méi wéi d'Fauscht an der Täsch maache se den Ament awer net.

Obwuel. De laangjärege Gewerkschaftler a Vertrieder vum soziale Fligel bei de Chrëschtlechsoziale Marc Spautz huet dem wirtschaftsliberale Spëtzekandidat en Donneschdeg de Moien bei eis um Radio onmëssverständlech ze verstoe ginn, hie misst "e Cut maachen zu senger Zäit vun der Chambre de Commerce" a sech fir d'Leit alleguerten asetzen. Opfälleg war an deem Kontext och schonn en Donneschdeg den Owend, wéi de Luc Frieden den Accent probéiert huet op d'Wichtegkeet vum Sozialstaat ze leeën, fir am selwechten Otemzuch awer ze soen, datt dee Sozialstaat duerch staark Betriber finanzéiert gëtt, déi et gëllt, z'ënnerstëtzen.

An et ass genee dat, wat elo an den nächste Méint dee spannende Match gëtt, wann d'CSV hire Walprogramm schreift. Oder anescht formuléiert: Mat wéi engem Plang wëll een zréck op de séchere Wee? Firwat steet de Luc Frieden haut? A kann ee wéi hie glafwierdeg e soziale Kandidat verkierperen, deen d'Suerge vun de klenge Leit kennt an eescht hëlt?

Am Oktober 2020 huet de Luc Frieden bei eis um Radio nach den "extrem gerechte Steiersystem" gelueft, dee mer hei zu Lëtzebuerg hätten. Déi kal Progressioun, déi seng Partei elo zanter Méint monéiert, huet hie bis elo also weider net gestéiert an den rigouréise Budgetspolitiker, deen de Luc Frieden an der Vergaangenheet war, an deen am léifsten nëmmen eng Staatsschold vun 20% gehat hätt, passt och iergendwéi net op der CSV hir Fuerderung, fir d'Steiertabell durabel un d'Inflatioun unzepassen. Oder solle mer soen nach net?!? Sollt effektiv d'Gerechtegkeetsfro en zentraalt Thema am Walkampf sinn, muss de Spëtzekandidat mam Austeritéitspolitikstempel wuel nach vill Waasser a säi Wäi schëdden. An en huet jo och schonn domadder ugefaangen.

De Luc Frieden huet iwwregens eng Invitatioun fir an eis Emissioun Background dëse Samschdeg kuerzfristeg ofgesot mam Argument, hie géif d'Positioun vun der Partei nach net genuch kennen. Do mussen der also wuel nach beienee fannen.