Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Commentaire vum Dany Rasqué: Aarm Politiker

Huet eigentlech schonn een dem Roy Reding Merci gesot, fir seng kreativ Usätz, fir d'Logementskris ze léisen?

Et ass eng Erausfuerderung, un där net déi mannst Politiker sech an de leschte Joerzéngte schonn d'Zänn ausgebass hunn an da kënnt den ADR-Deputéierten a mécht vir wéi et geet! A wat kritt de Mann als Merci - e Geriichtsprozess wéinst Bedruch an an éischter Instanz eng Condamnatioun zu enger Joer Prisong op Sursis an och nach eng Geldstrof vu 50.000 Euro.

Mä wa jiddereen doheem a sengem Keller een, zwee Studioen géif ariichten, dann hätt een de Problem geschwënn am Grëff.

Datt esou Wunnengen net ëmmer de virgeschriwwenen Normen entspriechen, fir normal grouss Leit eng Grimmel ze niddreg kënne sinn, dat maach sinn!

Datt een net all déi néideg Autorisatiounen huet, kann och passéieren - mä et muss een einfach méi a Richtung vun enger administrativer Vereinfachung denken an och do muss een als Bierger eng Hand kënne mat upaken.

Leit op dës Manéier en Doheem ze verschafen, wier jo och e grousst Zeeche vu Solidaritéit oder net?

A spéitstens zënter der Corona-Kris weess ee jo, datt déi beim Roy Reding ganz grouss geschriwwe gëtt.

Genee virun engem Joer hat de Mann an de soziale Medien annoncéiert, a Südafrika ze fueren a - gratis - doucen Omikron matzebréngen? Erënnert der Iech nach?

A wat war de Merci? Déckt Gedeessems an der Chamber.

De liberale Fraktiounschef Gilles Baum hat deemools souguer gesot, hie géif an der Plaz vum Roy Reding demissionéieren.

An och elo, hätt deen een oder aneren, schonn nom Urteel an éischter Instanz, nawell gär gehat, datt den honorabelen Deputéierten säin Hutt géif huelen a sech vum Krautmaart dohinner géif verzéien, wou de Peffer wiisst.

Mä zum Gléck stoungen d'Parteikolleegen hannert him, ouni Messer am Grapp. Dat ass an der Politik jo net ëmmer esou evident.

Aner Parteien hätten esou e Member wéi e fault Ee aus dem Nascht gehäit. Mä vläicht huet och matgespillt, datt de Roy Reding bei de leschte Chamberwalen mat 6.319 Stëmmen bei Wäitem dee beschte Score op der Zentrumslëscht gemaach hat. 11 Méint virun den nächste Legislativwalen muss een do schonn e bëssen oppassen wat ee mécht.

Bei der DP goung et am Februar 2021 e Meter méi séier.

Knapps waren d'Mobbing Reprochen, also déi éischt, géint d'Europadeputéiert Monica Semedo public, scho goufen d'Messere gewetzt an den neie Stär um Himmel krut de Wee fräi gemaach, fir sech selwer ofzeschéissen a muss zënterhier eleng eens ginn, also op d'mannst ouni déi offiziell Ënnerstëtzung vun enger Partei hei am Land.

A mat hire Beroder ass dat jo och sou eng Saach. Déi lafe fort amplaz, datt se der Europadeputéiert hir Facebook  Messagen a Pressecommuniquéen iwwerliesen.

Si hätten der Madamm Semedo nämlech soss de Weekend bestëmmt gesot, datt et net ganz elegant ass, wann een an engem Communiqué, kuerz nodeems erëm eng Kéier Mobbing Reprochen am Raum stinn, d'Press attackéiert a menacéiert.

Mä spéitstens zënter dem Pierre Gramegna weess ee jo, datt een d'Aussoen vu verschiddene Politiker net därmoossen eescht muss huelen. Schliisslech ass et bal op den Dag ee Joer hier, datt de fréiere liberale Finanzminister zeréck getrueden ass, well e méi fir seng Famill wollt do sinn.

Zënter haut ass de Mann Chef vum europäeschem Stabilitéitsmechanismus ESM.

Mä wat hätt hie solle maachen? Se hu keen anere fonnt an am Numm vun Europa muss een och alt mol Affer bréngen. Ech soe jo ... Politiker mussen engem schrecklech Leed dinn.

Ironie off