Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Commentaire vum Jean-Marc Sturm: Mam Lieder vun anere Leit Rimmer maachen

Haut war ee weidere grousse Protestdag géint d'Pensiounsreform a Frankräich. Et geet awer wuel ëm méi, well d'Onzefriddenheet schéint méi déif ze sëtzen.

E Commentaire vum Jean-Marc Sturm

Arroganz, kee Lien méi zur Realitéit, wäit ewech vum Vollek, d'Demokratie zu senge Gonschten interpretéieren  etc. De franséische President Macron krut an der Lescht vill zum Deel berechtegt Kriticke gemaach bei der Manéier, wéi hien d'Pensiounsreform am Hexagon wëll duerchboxen. An der Saach läit hien awer net därmoossen dernieft. Hien huet dat gliddegt Eisen ugepaakt mat allerdéngs ze wéineg Fangerspëtzegefill mam Resultat, dass hie sech d'Patte ferm verbrannt huet.

D'Gewerkschafte kruten d'Leit séier a liicht mobiliséiert. De Buedem war no der Episod vun de "Gilets jaunes" nach fruchtbar. Och deemools hunn d'politesch Debatten net vill bruecht, d'Gespréicher mat de Sozialpartner och net. Et huet missen zu Protest a Krawall kommen, éier sech eppes bei de Leit um Pouvoir beweegt huet.

Ech sinn iwwerzeegt, dass et och a Frankräich net nëmmen ëm eng Pensiounsreform geet. D'Flemm bei de Leit, net just a Frankräich, sëtzt méi déif.

Se gesinn einfach keng Léisunge bei akute Problemer wéi bezuelbare Logement, Ëmwelt, Mobilitéit, Sécherheet, Deierecht an domadder verbonnen och Deels Existenzängcht.

D'Zukunft vun de Pensiounen ass eng vun de Leit hire berechtegte Suergen. Dee Sujet kënnt bei eis awer ëmmer nëmme sporadesch op d'Tapéit. Da kommen Äntwerten, dass genuch Schrauwen do sinn, fir de Schoss ze rektifizéieren

Ob dat Richtung méi héich Cotisatiounen, manner Leeschtung oder méi laang schaffe soll goen, gëtt net gesot, héchstens, dass de Mix misst stëmmen. Hei an do kënnt eng nei Iddi wéi rezent déi, dass en Deel vum Pensiounsfong an Immobilien investéiert soll ginn. Do huet de Staat da graff resuméiert wuel de Choix, Spekulant ze ginn, mat gudder Rendit oder awer soziale Logement mat wéineg Rendement.

Op anere Pläng kommen och ëmmer nei Iddie wéi d'Enn vum Verbrennungsmotor, den Out vu Gas-oder Masuttsheizungen, d'Obligatioun d'Haiser ze sanéieren an esou weider.

Och déi Iddien hu sécher ee positiven Ausgangspunkt. Kuckt eleng de rezenten UNO-Klimarapport, dee leider quasi komplett ënnergaangen ass. Bei de Leit bleift awer den Nogeschmaach, dass och hei mam Lieder vun anere Leit Rimmer solle gemaach ginn.

An Zäiten, wou de Staat ëmmer méi gratis offréiert, ass et och sécher schwéier ze iwwerzeegen, dass et Näischt fir Näischt gëtt. Et kritt een d'Vollek vläicht mat an d'Boot, wann een esou Iddien als Staat oder Gemengen ëmsetzt beim Sanéiere vum Palais, der Chamber, de Ministèren oder nach Gemengenhaiser.

Et gi vun de Politiker konkret Äntwerten op berechtegt Froen erwaart. D'Zäite vu "Mir kucken, sollen oder missten..." sinn eriwwer.

Et muss mat oppene Kaarte gespillt ginn, fir dass de Wieler weess, wat d'Pond Kiischte kascht a wat et bréngt.

"En attendant" wäerte bis d'Walen d'Parteien ëmmer nees mat Themefelder kommen, bei deenen ee weess, dass zënter Joren de Schong dréckt an trotzdeem net vill geschitt ass. Motto: Et war awer gutt, dass mer driwwer geschwat hunn.