Lo gëtt et eescht: d'Parteie béien op déi lescht Ligne droite virum Waltermäin an: Vill Kandidate sinn ewell gutt midd, anerer steet d'Ustrengung vun de Walowenter an de sëllege Pätt mam Wieler an d'Gesiicht geschriwwen an nach anerer froe sech, ob d'Campagne schonn amgaangen ass? De Roy Grotz stellt sech och sou seng Froen. Mä Anerer...
Commentaire vum Roy Grotz
An zwar ob wierklech jiddereen, deen op de Lëschten untrëtt, grad wéi d'Parteistrategen, déi hannert de faarwege Broschüren a ville Spotten a Social-Media-Topegkeete stiechen, den Eescht vun der Situatioun erkannt hunn an deem eist Land stécht?
Mir kommen aus haarde Pandemie-Joren eraus, déi de Staat Milliarde kascht, d'Gesellschaft ëm d'Fräiheets-Fro auserneendriften an d'Leit hanner Maske verschwanne gedoen huet. Mir sinn an engem grujelegen Ugrëffskrich matten an Europa, wou all Dag Leit stierwen. Sënnloost Stierwen op zwou Säite vun enger Grenz, déi soll anescht gezu ginn, wann et bis genuch Doudeger gi sinn.
Makaber? Awer brutal Realitéit all Dag.
Gär schwätze mer och vun der Klimakris - och d'Parteien an hire Walprogrammer, fir awer dann nees ze soen, datt all méiglech Protectiounsmesuren, déi kloer an d'Sue schloen, musse MAT de Leit gemaach ginn, déi net dierfe vun uewen erof octroyéiert ginn an déi musse vun Jiddwerengem matgedroe ginn.
Nëmme kengem wéidoen, obwuel mer all Summer a Wanter op en neits gewise kréien, wat dës Wiederextremer mat der Ëmwelt maachen a wéi dausende Leit Besëtz an Haiser verléieren, well et en Tornado oder Héichwaasser gouf. An da ginn et nach déi, déi an all deem eng grouss Conspiratioun gesinn. Mä wou liewe mer, froen ech mech dann, wa souguer d'Parteien, lo wou se misste Kloertext schwätzen a Faarf bekennen, verschimmt an de Buedem kucken an nëmme kengem wëlle mat steierleche Mesurë wéi doen? Et wëll ee jo net d'Wale verhonzen an d'Chancë verspillen nees am kamouden Deputéierten- oder Ministerstull ze sëtzen.
Puer politesch Hypokrisie op d'Käschte vun de spéidere Generatiounen an den zeg Millioune Leit, déi nach wäerten hir Heemecht verloossen, fir sech a Booter an iwwer Maueren a Reie vun NATO-Drot an Europa wëllen en neit Liewen opzebauen - a quasi kengem Walprogramm geet Rieds iwwert d'Migratioun an hir Konsequenzen, iwwert den Accueil vun dëse Leit - well en zweet "Wir schaffen das" gëtt et wuel net méi.
Kloer, jidderee weess ëm d'Konsequenze vun der Klimakris a kuckt och e bëssi méi E-Mobility an Upcycling ze maachen, mä an engems gëtt, wéi wann näischt wier, mam Travel Designer d'Winter Escape geplangt, sou wéi ech et an engem Spot um Radio héieren hunn.
Ech denken, dass et ass wéi de Soziolog Steffen Mau seet, datt d'Leit de "Changementer midd sinn" an dass d'gesellschaftlecht Klima duerch déi sëllege Krisen, op kuerzer Zäit, d'Vertrauen an de Staat a seng Institutioune schro hypothekéiert hunn. An Däitschland a Frankräich resultéiert dat an der Stäerkt vun de rietspopulistesche Parteien. Bei eis nach net, mä et gëllt, de Feierstëppler ze wieren. Fir eng gerecht Gesellschaft brauch et, wéi et ë.a. de ronnen Dësch freet, massiv bezuelbar Wunnengen, regulariséiert Asyldemandeuren, eng Strategie fir jidderengem d'ökologesch Transitioun z'erméiglechen, de Support vun de klengen a mëttlere Betriber an eng Steierreform, déi sozial responsabel ass an d'Kapital besteiert an net d'Leit, déi all Dag fir hir Pai schaffe ginn.
D'Regierungsparteie menge villäicht mam blo-rout-grénge Wagon-Lit kamoud nees an d'Gare kënnen eranzefueren. D'CSV hofft an deem Zuch och eng Plaz an der 1. Klass ze fannen, wa sech déi dräi zerstreiden, mä alleguer sollten net verkennen, datt de Wieler d'Walprogrammen intensiv wäert liesen a sech genee wäert froen, wéi eng Partei dann de reelle gesellschaftlechen Erausfuerderunge vun eisem exposéierten, klenge Land gerecht gëtt.
Nach ass et Zäit, sech ze renseignéieren an an der Walkabinn en avertéierte Choix ze maachen.