Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Connecting Europe by Train: Mobilitéitsminister kritiséiert d'EU-Kommissioun

Den 31. Januar huet d'EU-Kommissioun 10 Pilotprojete virgestallt, fir d'Zuchverbindungen an Europa ze verbesseren. Lëtzebuerg mécht net mat.

Nei Zuchverbindungen tëscht Roum a München, vun Amsterdam op Barcelona en Nuetszuch mat Schlofwaggonen. En neie Service vu Lissabon op Madrid a La Coruna. Dëst nëmmen e puer vun den 10 Pilotprojeten, déi vun der EU-Kommissioun ënnerstëtzt ginn.

"D'Kommissioun ass ëmmer Spezialist doranner, wat een op Englesch 'window dressing' nennt, also d'Fënstere schéin ze maachen oder sech mat Fiederen ze schmécken, déi anerer opgebaut hunn," kommentéiert de François Bausch.

Iwwer d'Kaart vu "Connecting Europe by Train" muss de Mobilitéitsminister schmunzelen. Hie huet sech d'Méi emol net gemaach, fir fir Lëtzebuerg e Projet anzereechen. Et géif sech hei ëm Projete vu private kommerzielle Gesellschaften handelen, gutt Projeten, do huet de François Bausch näischt dorunner auszesetzen. Ma ausser moralescher Ënnerstëtzung, hätt d'Kommissioun näischt domadder ze dinn, och net finanziell.

RTL

De François Bausch hätt sech dogéint méi Ënnerstëtzung gewënscht fir d'Decisioun, déi d'EU-Transportminister 2020 op engem informelle Sommet geholl hunn. Nämlech fir all d'europäesch Haaptstied mateneen duerch TGVen oder Nuetszich ze verbannen. D'EU-Kommissioun hätt sech op dem Dossier net vill beweegt. Kritik gouf et dann och um europäesche Green Deal. Do wiere just 30 Milliarden Euro fir de ganzen Transport virgesinn. Eng lächerlech Zomm, fënnt de Mobilitéitsminister.

De fréieren Eisebunner gleeft awer un d'Bunn als Reesmëttel vun der Zukunft. Net just aus ekologesche Grënn. Bis spéitstens 2029 soll den Trajet Bréissel-Lëtzebuerg op 2 Stonnen an 10 Minutte verkierzt ginn. Och gëtt un engem Korridor Bréissel-Lëtzebuerg-Stroossbuerg-Basel geschafft. Mat Däitschland lafe Gespréicher fir besser Verbindungen op Köln. "Also mir huele selwer vill Initiative vu Lëtzebuerg aus. Mir hu gutt Gespréicher mat eisen Noperen. (...) Wéinst menger kann d'Kommissioun och nach herno soen, dat wat mir maachen, datt dat och nach hire Pilot-Projet wär."