Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coronavirus zu Lëtzebuerg : 2 Doudesaffer, 201 Neiinfektiounen an 118 Reinfektioune bei 1.227 PCR-Tester

D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei bliwwen ass.

Aktuell sinn 28 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit den Ament ee Patient op der Intensivstatioun. D'Santé mellt dann 201 Neiinfektiounen an 118 Reinfektiounen - insgesamt also 319 positiv PCR-Tester. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d'mannst 90 Deeg tëscht zwee positiven PCR-Tester louchen.

Am Ganze goufe bis ewell 1.292.280 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 275 waren ergänzend Dosen, wärend 3 Leit eng zweet Dosis kruten a fir eng Persoun war et déi alleréischt Impfung.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck