Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coronavirus zu Lëtzebuerg: 212 Neiinfektiounen an 174 Reinfektioune bei 1.501 PCR-Tester

D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.168 bliwwen ass.

Aktuell sinn 22 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien dräi Patienten op der Intensivstatioun. D'Santé mellt dann 212 Neiinfektiounen an 174 Reinfektiounen - insgesamt also 386 positiv PCR-Tester. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d'mannst 90 Deeg tëscht zwee positiven PCR-Tester louchen.

Am Ganze goufe bis ewell 1.292.379 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 256 waren ergänzend Dosen, eng Persoun krut eng éischt an zwou Persounen zweet Sprëtz.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck