Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coronavirus zu Lëtzebuerg: 244 Neiinfektiounen an 161 Reinfektioune bei 1.376Tester, 2 weider Doudeasaffer

D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 2 op elo 1.162 geklommen ass.

Aktuell si 24 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit den Ament eng Patient op der Intensivstatioun. D'Santé mellt dann 244 Neiinfektiounen an 161 Reinfektiounen. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d'mannst 90 Deeg tëscht zwee positiven PCR-Tester louchen.

Am Ganze goufe bis ewell 1.292.235 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 123 waren ergänzend Dosen, wärend véier Leit eng zweet Dosis kruten a fir zwou Persoune war et déi alleréischt Impfung.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.