D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, ëm ee geklommen ass an elo bei 1.163 läit.
Aktuell si 27 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit den Ament ee Patient op der Intensivstatioun. D'Santé mellt dann 246 Neiinfektiounen an 176 Reinfektiounen - insgesamt also 422 positiv PCR-Tester. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d'mannst 90 Deeg tëscht zwee positiven PCR-Tester louchen.
Am Ganze goufe bis ewell 1.292.260 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 274 waren ergänzend Dosen, wärend eng Persoun eng zweet Dosis krut a fir véier Persoune war et déi alleréischt Impfung.
D'Reproduktiounszuel läit bei 1,00. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck