Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coronavirus zu Lëtzebuerg: 298 Neiinfektiounen an 184 Reinfektioune bei 1.509 PCR-Tester

D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.168 bliwwen ass.

Aktuell sinn 28 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien dräi Patienten op der Intensivstatioun. D'Santé mellt dann 298 Neiinfektiounen an 184 Reinfektiounen - insgesamt also 482 positiv PCR-Tester. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d'mannst 90 Deeg tëscht zwee positiven PCR-Tester louchen.

Am Ganze goufe bis ewell 1.292.407 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 305 waren ergänzend Dosen, zwou Persoune krut eng éischt an dräi Persounen eng zweet Sprëtz.

D'Reproduktiounszuel läit bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
Kanner tëscht 6 Méint a 5 Joer kënnen elo och géint Covid-19 geimpft ginn. Dat huet d'Regierung um Mëttwoch decidéiert. Domat suivéiere si der Recommandatioun vum Conseil supérieur fir Infektiounskrankheeten.

D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck