Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coronavirus zu Lëtzebuerg: Ee Stierffall, vun 1.728 PCR-Tester waren der 435 positiv

RTL

© RTL

D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.129 geklommen ass.

Aktuell sinn 12 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.651 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 284 waren ergänzend Dosen, wärend et bei 4 Persounen déi zweet Dosis war a bei enger déi éischt.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,36. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck