Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coronavirus zu Lëtzebuerg: Ee weidert Doudesaffer, vun 1.040 PCR-Tester waren der 276 positiv

RTL

© RTL

D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.130 geklommen ass.

Aktuell si 15 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.719 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 349 waren ergänzend Dosen, wärend et bei véier Persounen déi zweet Dosis war a bei fënnef déi éischt.

Et gouf 96 Re-Infektiounen.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,43. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck