Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coronavirus zu Lëtzebuerg: Vun 1.009 PCR-Tester waren der 164 positiv

RTL

© RTL

D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 1 op 1.126 geklommen ass.

Aktuell si just nach 4 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.317 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 64 waren ergänzend Dosen, wärend et bei zwou Persounen déi zweet Dosis war.

Bei 84 Persounen ass eng Re-Infektioun festgestallt ginn.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,06. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck