© RTL-Grafik
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, net geklommen ass a weiderhi bei 1.126 läit.
Aktuell sinn nach 6 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.290.394 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 307 waren ergänzend Dosen, wärend et bei aacht Persounen déi zweet Dosis war.
Bei 58 Persounen ass eng Reinfektioun festgestallt ginn.
D'Reproduktiounszuel läit bei 1,14. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck