Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coronavirus zu Lëtzebuerg: Vun 1.381 PCR-Tester waren der 247 positiv

RTL

© RTL Archivbild

D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.127 bliwwen ass.

Aktuell sinn 12 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.517 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 355 waren ergänzend Dosen, wärend et bei 8 Persounen déi zweet Dosis war a bei 4 déi éischt.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,16. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck