National - Coronavirus zu Lëtzebuerg
© RTL-Grafik
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.129 bliwwen ass.
Aktuell sinn 13 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.290.681 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 381 waren ergänzend Dosen, wärend et bei siwe Persounen déi zweet Dosis war a bei dräi déi éischt.
Et gouf 154 Re-Infektiounen.
D'Reproduktiounszuel läit bei 1,42. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck