Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coronavirus zu Lëtzebuerg: Vun 1.673 PCR-Tester waren der 481 positiv

RTL

© RTL-Archivbild

D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.128 geklommen ass.

Aktuell sinn 11 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.631 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 119 waren ergänzend Dosen, wärend et bei enger Persoun déi zweet Dosis war a bei enger déi éischt.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,13. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck