Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Côte d'Ivoire: D'Angela Merkel kritt den Unesco-Friddenspräis

Fir hir Opnam vun iwwer 1,2 Millioune Flüchtlingen an Däitschland soll d'Ex-Bundeskanzlerin Merkel mam Unesco-Friddenspräis ausgezeechent ginn.

An deem Kader gëtt d'Angela Merkel e Mëttwoch zu engem Festakt zu Yamoussoukro, an der Haaptstad vun der Côte d'Ivoire, erwaart. Dat huet Unesco e Méindeg zu Paräis annoncéiert.

D'Jury vum Félix-Houphouët-Boigny-Friddenspräis, deen nom fréiere President vun der Côte d'Ivoire  benannt ass, huet dës "couragéis Decisioun" begréisst. Ënner de villen erwaarte Gäscht ginn och de President vun der Afrikanescher Unioun (AU), de senegalesesche President Macky Sall, wéi och sëllegen aner Presidente vun afrikanesche Länner erwaart.

De Präis gëtt zanter 1989 un Institutiounen oder Eenzelpersoune verdeelt, déi sech ëm d'Séchere vum Fridde bewisen hunn. Zu de fréiere Laureaten zielen ënner anerem de franséische President François Hollande, deen 2013 fir d'Agräifen a Mali geéiert gouf.