Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coupe am Basket: Basket Esch steet no 91:79-Victoire an der Finall géint d'Etzella

An der Partie géint den T71 Diddeleng konnten déi Escher de Match duerch e staarke leschte Véierel fir sech entscheeden.

E Sonndeg stounge bei den Dammen a bei den Hären déi lescht zwou Halleffinallen an der Coupe um Programm.

An der Coque konnte sech ufanks d'Damme vum T71 Diddeleng den Ticket fir d'Finall géint Bartreng sécheren. Méi spéit gouf d'Victoire dem BBC Gréngewald zougesprach. Och dat ass de Moment awer nach net gewosst. Wien elo d'Finall géint Bartreng spillt bleift nach ze klären.

E Samschdeg hate sech d'Damme vu Bartreng an d'Häre vun der Etzella fir d'Finall qualifizéiert.

An der éischter Halleffinall vum Dag huet sech de BBC Hueschtert-Gréngewaldn T71 Diddeleng duerchgesat. Béid Ekippen hu sech vun Ufank un op Aenhéicht gewisen an hunn den éischte Véierel mat engem serréierten 24:20 op en Enn bruecht. Wéi sech méi spéit erausgestallt huet haten déi Diddelenger awer nëmmen 22 Punkte geschoss, wat um Enn decisiv Suite sollt hunn. Den T71 war och am zweete Véierel weider staark, konnt hei souguer nach eng Kéier dräi Punkte méi schéissen a sech domat e klenge Virsprong opbauen. Ënnert anerem d'Zykera Elaine Rice huet sech an enger gudder Form gewisen a fläisseg fir déi Diddelenger Ekipp gepunkt. De BBC Gréngewald war awer weider och nach gutt am Match, d'Spillerinnen hunn et gepackt den Uschloss net ze verléieren an d'Partie bis an de leschte Véierel era spannend ze halen.

Do huet de BBC am Numm vum Samantha Logic an Dejza Hames ëmmer méi Courage gewonnen, ma den T71 konnt gutt dergéinthalen an d'Féierung trotz tëschenzäitlechem Réckstand nach esou just iwwert d'Zäit bréngen. Um Enn konnt Diddeleng de Match knapps op ee Punkt wannen, duerch d'Punkten aus dem 1. Véierel déi ofgezu goufen steet elo de Gréngewald an der Finall géint de Sparta Bartreng, déi den 18. Mäerz gespillt gëtt.

E Sonndeg de Mëtteg kënnt et dann um 17.30 Auer nach zu der zweeter 1/2-Finall vun den Hären tëscht dem T71 Diddeleng an dem Basket Esch.