Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coupe am Basket: D'Finall bei den Dammen heescht Gréngewald géint Bartreng

Bis an déi lescht Sekonn war et am Gymnase vun der Coque spannend. Um Enn setzt sech Diddeleng op ee Punkt géint de BBC Gréngewald-Hueschtert duerch.

E Sonndeg stoung bei den Dammen déi lescht Halleffinall an der Coupe um Programm. An der Coque konnte sech d'Damme vum T71 Diddeleng den Ticket fir d'Finall géint Bartreng sécheren.

E Samschdeg hate sech d'Damme vu Bartreng an d'Häre vun der Etzella fir d'Finall qualifizéiert.

An der éischter Halleffinall vum Dag huet sech den T71 Diddeleng mat géint de BBC Gréngewald-Hueschtert duergesat. Béid Ekippen hu sech vun Ufank un op Aenhéicht gewisen an hunn den éischte Véierel mat engem serréierten 24:20 op en Enn bruecht. Den T71 war och am zweete Véierel weider staark, konnt hei souguer nach eng Kéier dräi Punkte méi schéissen a sech domat e klenge Virsprong opbauen. Ënnert anerem d'Zykera Elaine Rice huet sech an enger gudder Form gewisen a fläisseg fir déi Diddelenger Ekipp gepunkt. De BBC Gréngewald war awer weider och nach gutt am Match, d'Spillerinnen hunn et gepackt den Uschloss net ze verléieren an d'Partie bis an de leschte Véierel era spannend ze halen.

Do huet de BBC am Numm vum Samantha Logic an Dejza Hames ëmmer méi Courage gewonnen, ma den T71 konnt gutt dergéinthalen an d'Féierung trotz tëschenzäitlechem Réckstand nach esou just iwwert d'Zäit bréngen. Um Enn wënnt Diddeleng de Match knapps op ee Punkt a steet mat enger kämpferescher Leeschtung an der Finall géint de Sparta Bartreng, déi den 18. Mäerz gespillt gëtt.

E Sonndeg de Mëtteg kënnt et dann um 17.30 Auer nach zu der zweeter 1/2-Finall vun den Hären tëscht dem T71 Diddeleng an dem Basket Esch.