Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coupe am Basket: Decisioun vum Conseil d'appel kéint fir vill Diskussioun

Dat fäert de President vun der Résidence Walfer, déi jo géint d'Wäertung vum Coupematch géint Mamer Protest ageluecht haten an an 1. Instanz Recht kruten.

Am Basket gouf de Match vun den Aachtelsfinalle vun der Coupe tëscht Mamer a Walfer vum Conseil d'appel vun der FLBB validéiert. D'FLBB war géint Decisioun vum Verbandsgeriicht an Appell gaangen a krut elo an zweeter Instanz Recht. Déi Decisioun dierft an den nächsten Deeg nach hefteg diskutéiert a kritiséiert ginn.

Walfer war an ass der Meenung, datt si de Match an de leschte Sekonne verluer hunn, well d'Auer ze spéit ugelaf ass. D'Residence hat doropshin direkt nom Match Protest ageluecht. E Mëttwoch huet de Conseil d'appel elo tranchéiert an de Match validéiert. Eng Decisioun, déi Walfer acceptéiert, obwuel de President vun der Residence Alain Weins sech awer Froe stellt. Et muss een elo kucken, a wéi wäit dat elo villäicht eng Jurisprudenz gëtt? Ob dat Urteel och villäicht Aflëss op d'Spiller huet, wéi d'Auer an Zukunft gehandhaabt gëtt, respektiv net?

De 27. Oktober war de Match vun den Aachtelsfinallen tëscht Mamer a Walfer. Elo fënnef Woche méi spéit ass awer réischt dat definitiivt Urteel do. Och den Tribunal d'appel huet jo zeréck behalen, datt eise Protest richteg war a korrekt ofgelaf war. Firwat huet et iwwer ee Mount gedauert? Mir wiere guer net an déi Situatioun komm, wa mir zäitno zum Match, no enger oder annerhallwer Woch eng Decisioun hätte konnte kréien. Dann hätte mir esouguer an zwou Instanze vum Geriicht kënne goen.

Den Alain Weins fäert, datt et an Zukunft ëmmer nees kennen Diskussiounen wéinst der Auer ginn. Dofir ass hien der Meenung, fir esou Saachen ze evitéieren, wier et awer wichteg, driwwer nozedenken, ob een ee Kommissär um Dësch op engem Coupematch huet?

Den Alain Weins huet och nach gesot, dat een d'Struktur vun der interner Kommunikatioun an der FLBB muss konstruktiv ugoen, well ee soss nees eng Kéier an esou eng änlech Situatioun ka kommen wéi dat elo de Fall war.