Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coupe am Basket: Konfusioun am Dammematch tëscht Diddeleng an dem Gréngewald

No der 1/2-Finall tëscht Diddeleng an dem Gréngewald ass nach onkloer, wien d'Finall géint de Sparta Bartreng spillt.

E Sonndeg de Mëtteg hat sech den T71 Diddeleng ufanks mat 79:78 géint de BBC Gréngewald-Hueschtert duerchgesat. Nom Match gouf d'Resultat dann allerdéngs op 77:78 rectifiéiert. Diddeleng krut am éischte Véierel beim Stand vun 2:2 zwee Punkte bäi, ouni datt e Kuerf gefall war an och dono ass de Score nach eemol hänke bliwwen. Nom Match krut de Gréngewald d'Victoire zougesprach, kuerz drop hat déi Diddelenger awer Ekipp Protest ageluecht.

Kuckt Iech hei nach emol déi éischt Minutte vum Match un a maacht Iech selwer e Bild:

Déi éischt Minutte vum Match T71 Diddeleng géint de Gréngewald

Déi éischt Minutten aus der 1/2-Finall tëscht dem T71 Diddeleng an dem BBC Gréngewald-Hueschtert bei den Dammen.

De Präsident vum T71 Diddeleng Marcel Wagener am Interview

De Präsident vum T71 Diddeleng Marcel Wagener am Interview

Den Trainer vum Gréngewald François Manti am Interview

Den Trainer vum Gréngewald nom Match am Interview.

De Präsident vun der FLBB Samy Picard am Interview

De Präsident vun der FLBB am Interview

Wien tatsächlech den 18. Mäerz an der Finall um Terrain vum Gymnase stoe wäert bleift ofzewaarden.